Skip to main content

De Soziale Stamminet n°5

Den 13. Juni 2024 fënnt am Kader vun “50 Joer - Erzéien als Beruff” eng Gespréichsronn  zum Thema "Jugendaarbecht am digitalen Zäitalter - Huet e Jugendhaus nach eng Zukunft?" statt.

Wann Dir Interessi hutt un dësem Stamminet deel ze huelen, luede mir Iech an Iech bis den 02.06.2024 iwwert den QR-Code um Flyer oder iwwert follgende Link un ze mellen.
https://forms.office.com/e/V8T3axhs6k

Wou? Oekosoph! (Pafendall) – 6, rue Vauban L-2663 Luxembourg

Wéini? Donneschdes, den 13. Juni 2024 um 18h30

D'Invitéen sinn:

  • Sandra Biewers
  • Harpa Tordardottir
  • Pol Godinho
  • Laurent Bauler

An moderéiert gëtt dëse Stamminet vum Lukas Held!

👉 Hei fannt dir de Programm vum Stamminet.👈

  • Hits: 22

Fit for Future 2024

E Freideg, den 03.05.2024 huet am LTPES eise Fit for Future stattfonnt.

Iwwert de ganzen Dag gestreckt haten d’Student*Innen vun onsen Terminal-Klassen d’Chance bei de Virträg vun verschidden Organisatiounen deel ze huelen an eppes Neies bäizeléieren.

Mir soen allen Intervenanten e grousse Merci, dass si sech d’Zäit geholl hu fir eise Student*Innen hir Aarbechtsplaz ze präsentéieren. All Virtrag an Informatioun déi dir weiderginn hutt ass eng wäertvoll Erfarung fir eis zukünfteg Erzéiher*Innen.

Hei e klenge Video mat e puer Impressioune vum Dag: https://www.youtube.com/watch?v=-YwpDAadbo0

  • Hits: 139

Rapport annuel okaju

D'Direktioun vum LTPES huet de 15.4.24 un der Presentatioun vum Rapport annuel vum okaju deelgeholl.

Vill ganz wichteg Chantieren, déi ee groussen Impakt op déi edukativ a sozial Aarbecht hunn, sinn am Rapport festgehalen.

  • Hits: 250

LTPES @ Schoulfoire 2024

An der Woch vum 22.04.2024 waren eis Schüler a Schülerinne vun den Terminale-Klassen nees am Asaz um Terrain an hunn als Guiden d’Schüler a Schülerinnen aus der Grondschoul duerch d’ Schoulfoire gefouert.

Ee grousse Merci un si alleguer, dass si den LTPES sou engagéiert a kompetent representéiert hunn!

Niewent hirem Engagement hunn eis Schüler a Schülerinnen och e richteg gudden Androck hannerlooss a sënn als Gewënner gekréint ginn.

Op follgende Linke kënnt dir d’Gewënner Videoe vun den Terminal-Klassen 1SGED05 an 1SGED07 gesinn.

1SGED05 : https://youtu.be/tQSD_kuoxJk

1SGED07 : https://youtube.com/shorts/IRS4aHx7HjU?feature=share

D‘BD déi dir hei als pdf erofluede kënnt ass vun de Gewënner, der 1SGED10 & 1SGED12 gemaach ginn.

Gléckwonsch u si all!

Fotoe fannt dir op eiser Facebook-Säit.

  • Hits: 236

Mental Gesondheet bei Kanner a Jugendlecher an der Friemënnerbréngung

Am Kader vum 50. Anniversaire vun der Educateurs/-trice-Formatioun zu Lëtzebuerg huet de Lycée Technique pour Professions Éducatives et Sociales (LTPES) an Zesummenaarbecht mam OKAJU den 20. Mäerz 2024 d’Konferenz "Mental Gesondheet bei Kanner a Jugendlecher an der Friemënnerbréngung" an der Nationalbibliothéik (BnL) organiséiert.

D‘Prof. Dr. Pascale Engel de Abreu an hir Equipe vum Groupe de développement socio-émotionnel et cognitif vun der Uni Lëtzebuerg hunn hire Fuerschungsprojet HERO virgestallt. E grousse

Merci un d’Nationalbibliothéik an un déi immens zalräich Participanten.

  • Hits: 422