

João Brito Ramos, Assistant social,
Tél. 52 35 25 – 219
Präsenzzäiten: Am congé parental bis den 18.06.2023

Cathia Loor, Psychologin,
Tél. 52 35 25 – 214
Präsenzzäiten: Dënschdes moies, mëttwochs nomëttes, donneschdes, freides

Sylvie Majerus, Psychologin,
Tél. 52 35 25 – 215
Präsenzzäiten: Méindes, dënschdes, mëttwochs, all 2. Donneschden (gerued Kalennerwochen)

Pascale Wietor, Assistante d’hygiène sociale,
Tél. 52 35 25 – 216
Präsenzzäiten: Dënschdes, mëttwochs, freides
Mir bidden un:
- Hëllef a Berodung bei schouleschen, perséinlechen, relationellen, familiäre …. Schwieregkeeten
- Sozial a finanziell Ënnerstëtzung (z. B. Subsiden, Wunnengssich)
- Orientatioun
- Informatioun
- Präventioun (z. Bsp. Wuelbefannen an der Schoul, Santé mentale…)
- Intermédiaire LTPES-Schüler·innen – Internat
- Mir sinn an enger Rei Gremien innerhalb vum Lycée vertrueden: Cellule d’Orientation (CO), Commission d’Inclusion scolaire (CIS), Conseil de Discipline (CD), Equipe de Postvention (EPV)
Sou funktionéiere mir:
- Eis Raimlechkeete befanne sech um Rez-de-chaussée
- D’Gespréicher si gratis a fannen an engem vertrauleche Kader statt
- En presentiel, iwwer Telefon, oder via Audio/Videokonferenz
Eis Auerzäiten:
- Méindes bis Freides vun 9 bis 16 Auer oder zu aneren Zäiten no Ofsprooch
- Fir sécher ze goen, dass mir och Zäit fir iech hunn, kommt am Beschten e Rendez-vous froen, rufft un oder mailt eis.